Succès zu Biissen

Et ass den Dëschtennis Biissen deen traditionell déi nei Saison mat hirem „Grand Prix de la Vallée de l’Attert“ alaut. Dëst Joer hun si ob hier 51ten Editioun invitéiert an eisen neien Member, den Roger Mayer, war sengen fréieren Coequipieren nach eng Kéier Äddi soen.

De Spillplang vun den Seniors ass online

D’Federatioun huet den Spillplang vun den Seniors online gesat. Et sinn jo nach knapp 3 Wochen iert et mam neien Championnat lass geet, den Training ass erëm zanter dem 29ten August am Gaang. Dir kënnt iech also lo schon um Site vun der FLTT duerch de Spillplang klicken, iech notéieren …

ETTC 2017 – Den ITTF-President am Interview

Den President vun der ITTF, den Thomas Weickert, war déi läscht Woch fir en Aarbechtsbesuch ob Lëtzebuerg komm. Hien huet sech ënnert anerem d’Trainingslager ënnert der Leedung vum China Table Tennis College Europe um INS ugekuckt. Bei dëser Geleeënheet gouf hien natierlech och iwwert d’Europameeschterschaft zu Lëtzebuerg interviewt. Den ganzen Interview ass um …

Spin vum 10ten August 2017

An engem decke Mount ass hei zu Lëtzebuerg d’Equipen Europameeschterschaft am Dëschtennis. D’Preparatiounen lafen op Héichtouren an d’Supporter kënne sech op een exzellente Plateau vun Spiller a Spillerinnen freeën. Am Spin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer ënnert anerem wien de Wee op Lëtzebuerg fënnt. © RTL

Verstärkung fir déi drëtt Equipe

Eis drëtt Equipe ass jo déi läscht Saison an déi 4. Divisioun gestiegen, an dat bréngt dann natierlech mat sech datt an der Equipe een véierten Mann gebraucht gëtt. Anescht wéi an der 5ter Divisioun muss d’Equipe nämlech elo mat engem Spiller méi untrieden. Mir sinn dofir frou fir den Mayer Roger …

Nei Saison, neit Gléck

No der Summerpaus geet et an ronn annerhallwem Mount rem mam Championnat lass. Den Spillplang vun den Senioren gouf och schon vun der Federatioun publizéiert. Den 1ten Spilldag fueren mir alleguer auswäerts, um leschten Spilldag sinn alleguer eis Matcher dofir heiheem. Den detailléierten Plang fannt dir um Internetsite vun der …