Op dësem Weekend, dem 21. an 22. Abrëll, goufen zu Bartreng (organiséiert vum DT Bartreng) Barragematcher fir Divisiounsmeeschteren ausgedroen. Dobäi war och eis éischt Cadetsequipe, déi am 1ten Tour vum Cadetschampionnat eng excellenten éischte Plaz gemaacht hat an dofir em den Titel vum Divisiounsmeeschter an der sechster Divisioun matgespillt hat.

Am Tableau vun am ganzen 14 Equippen war eis Equipe direkt an der Véierelsfinall ugetrueden. Am Viraus stoung do de Géigner vun Recken V och schonn fest. Et war een equilibréierten Match wou sech keng vun deenen zwou Equippen sou richteg ofsetzen konnt. Mee beim Stand vun 2-2 hat eis Equipe leider zwee Matcher hannereneen verluer an konnt deen Réckstand net méi ophuelen. Um Enn verléieren si den Match ganz knapp mat 4-5 an domat war d’Aventure Barragematcher fir de Richie, de Yannick an de Kevin och schonn eriwwer.

 

 

Gratulatioun trotzdeem un eis Jugend fir hir Leeschtungen, ëmmerhin e puer néi Erfarungen gesammelt an den nächsten Weekend kënnen si sech dann am Jeuneschampionnat beweisen.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.