E Sonndeg, 30ten Abrëll, waren jo d’Barragematcher vun de Seniors, wou och eis drëtt Equipe mat em den Titel vum Divisiounsmeeschter gekämpft huet. Oder et zumindest probéiert huet.

Déi éischt Renconter war zimlech ausgeglach an d’Resultat hätt och kéinten anescht ausgoen. Bis zum Stand vun 3-3 war nach Hoffnung ob eng Victoire, déi 2 Partien duerno konnten awer dunn leider net gewonnen ginn. Domat koum Mondorf mat engem 5-3 weider an den nächsten Tour.  Pünktlech fir den Aperitif huet sech eis Equipe also (leider) virum Comptoir versammelt. Ausser e puer Pluspunkten (leider och e puer Minuspunkten) war ob dësem Sonndeg näischt dran.

 

Barragematcher – een kuerzen Obtrëtt

Waat dech nach kéint interesséieren