Nom 15te Spilldag goung et fir eis éischt, zweet an drëtt Equipe nach géint den Ofstig. No staarke Resultater an der Réckronn konnten sech eis éischt an eis zweet Equipe op eng Netofstigsplaz placéieren. Eis drëtt Equipe stoung zu dem Zäitpunkt nach op der Ofstigsplaz.

Miedernach beleet di 7te Plaz mat 28 Punkten an bleift domat an der Divisioun 2.
Miedernach II placéiert sech op der 4ter Plaz mat 31 Punkten an bleift och an der Divisioun 4.
Miedernach III steet op der zweetleschter Plaz mat 22 Punkten an séchert sech duerch den Referendum d’Plaz an der Divisioun 5.
Miedernach IV rangéiert an der zweeter Hallefronn mat 10 Punkten op der 7ter Plaz an bleift an der 6ter Divisioun.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.