E gudden Start am Challenge

Eis zweet Equipe huet hiren éischten Match am Challenge mat engem 5-2 Succès géint Ëlwen gewonne. De Géigner war zwar um Pabeier liicht méi schwaach klasséiert, jiddereen deen awer mol am Handicap-System (een schwaachen kritt géint een staarken Punkten vir) gespillt huet weess datt dat net ëmmer eppes wëll soen.

An der zweeter Renconter vun dësem Grupp iwwerrennt Kauneref den gläichstaark klasséierten Géigner vun Gilsdref/Veianen. Den 3ten Oktober muss eis Equipe dann géint Kauneref beweisen wat dat Resultat wäert war. Mir drécken d’Daumen.

Coupe „Think“ a Challenge

Wéi an den Joren virdrun spillen och an der neier Saison rem 2 vun eisen Equippen an der „Coupe Think“ respektiv am „Challenge de la Fédération„. An der Coupe ass et eis éischt Equipe déi den 10ten Oktober géint d’Equipe vun Feelen muss untrieden. Gespillt gëtt hei em d’Weiderkommen an den drëtten Tour vun der Qualifikatiounsronn, de Géigner wäert am Fall vun enger Victoire d’Equipe vun Gilsdrëf/Veinen sinn.

weiderliesen