Succès zu Biissen

Et ass den Dëschtennis Biissen deen traditionell déi nei Saison mat hirem „Grand Prix de la Vallée de l’Attert“ alaut. Dëst Joer hun si ob hier 51ten Editioun invitéiert an eisen neien Member, den Roger Mayer, war sengen fréieren Coequipieren nach eng Kéier Äddi soen.

weiderliesen

National U-21 Meeschterschaft

Dëse Sonndeg, 7ten Mee, waren zu Rued/Syr déi national Meeschterschaften an den Kategorien Cadet, Minimmes an U21. Et ass hei de Marc deen ob eng gutt drëtt Plaz kënnt. Et sief awer gesot datt an dëser Kategorie nëmmen 9! Spiller un den Depart gaangen sinn.

weiderliesen

Tournoi zu Lénger

Den 23ten Abrëll hat den Dëschtennis Lénger ob säin 16ten Tournoi Individuel invitéiert.  Obwuel d’Saison jo quasi gelaf ass hat awer nach een vun eise Spiller de Wee bis ob Lénger fonnt. De Marc gouf och dofir mat enger drëtter Plaz an der Kategorie B2 belount.

weiderliesen

Tournoien an der neier Saison

An der leschter Saison war den Dëschtennis Miedernach zimlech staark ob deenen verschiddenen Turnéieren am Land vertrueden. Fir datt dir iech elo schonn kënnt déi verschidden Terminer an ärem Kalenner notéieren fannt dir ab haut um Internetsite vun der Federatioun den Tournoiskalenner fir d’Saison 2017-2018.

Et geet wéi gewinnt zu Biissen lass an dat den 27ten August 2017 mam „51e Grand Prix de la Vallée de l’Attert“.  Deen leschten Tournoi as ob den 2ten Juni 2018 programméiert, an zwar den „2. Tournoi du DT Lenneng“.

Mat 45 Tournoien iwwert déi ganz Saison misst jo dann fir jiddereen eppes derbäi sinn.