Léiw Sportsfrënn, wéi Dir sécherlech schonn wësst mëscht déi chinesesch Hären- an Dammenationalequipe hir Preparatioun fir d’WM zu Düsseldorf vum 21.-25. Mee hei zu Lëtzebuerg an der Coque. E Méindeg, 22. Mee maachen mir vun 17h00-18h30 Dieren vun der Arena op, wou Dir den Chinesen kënnt bei engem öffentlechen Training nokucken. Hei hutt Dir déi eemoleg Geleeënheet, all d’Vedetten aus China, aktuell Weltmeeschteren a (Gold-)Médaillengewënner vun Olympesche Spiller an Aktioun ze gesinn.

Dobäi sinn e.a. de Ma Long (WR 1), Fan Zhendong (WR 2), Xu Xin (WR 3), Zhang Jike (WR 4), oder bei den Dammen Ding Ning (WR 1), Liu Shiwen (WR 2).Kommt alleguer nächste Méindeg um 17h00 an d’Coque an d’Arena a loosst Iech dësen Training net entgoen, d’Entrée ass fräi.Mir maachen Iech awer drop opmierksam, dass just accréditéiert Pressefotografen zu engem bestëmmten Zäitpunkt direkt niewend d’Boxen gelooss können ginn, a mir können am Moment och net garantéieren, ob eng Méiglechkeet fir Autogrammen nom Training besteet.

Quell: News – Fédération Luxembourgeoise de Tennis de Table

Chinesisch Topspiller trainéieren an der Coque

Waat dech nach kéint interesséieren