An dëser Saison trieden mir net méi mat eiser éischter Equipe an der Coupe „Frantz Think“ un. Dofir ass nees eis zweet Equipe am „Challenge de la Fédération“ am Asaz.

Hei spillt eis zweet Equipe am Grupp 1 géint Ëlwen II, Nacher III an Ënsber/Heischent II.

 

 

Di éischt Renconter ass den 9. Oktober auswäerts géint Nacher III. Den 16. Oktober gëtt nach eng Kéier auswäerts gespillt, dann géint Ëlwen II. Den leschten Match vun der Grupp spillt eis zweet Equipe den 13. November doheem géint Ënsber-Heischent II.

Dozou hunn mir och nach zwou Equippen am „Teens-Cup“ ugemellt. Di 1te Ronn gëtt den 22. September gespillt.

Do spillt eis éischt Equipe géint Schandel II, Gilsdref/Veianen an Wëntger. D’Matcher ginn alleguer zu Miedernach gespillt.

 

 

Eis zweet Equipe trëtt donieft géint Biwer, Noumer an Bäerdref II un. Gespillt gëtt hei zu Bäerdref.

 

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.