Wéi an den Joren virdrun spillen och an der neier Saison rem 2 vun eisen Equippen an der „Coupe Think“ respektiv am „Challenge de la Fédération„. An der Coupe ass et eis éischt Equipe déi den 10ten Oktober géint d’Equipe vun Feelen muss untrieden. Gespillt gëtt hei em d’Weiderkommen an den drëtten Tour vun der Qualifikatiounsronn, de Géigner wäert am Fall vun enger Victoire d’Equipe vun Gilsdrëf/Veinen sinn.

Den ierwëschten Deel vum Tableaux vun der „Coupe Think“

Am Challenge ass eis zweet Equipe an der Qualifikatiounsronn am Grupp 2 gelant, zesummen mat den Equippen vun Gilsdrëf/Veinen, Kauneref an Ëlwen. Den 26ten September geet et lass, dat mat der Renconter Miedernach 2 géint Ëlwen 3. Den 10ten Oktober dann ass rem en Heemmatch, an dat géint Kauneref 2. Den leschten Mätsch gëtt dann den 24ten Oktober gespillt, hei geet et dann nach bei déi zweet Equipe vun Gilsdrëf/Veinen.

De Qulifikatiounsgrupp vun der zweeter Equipe am Challenge

Deenen zwou Equippen Bonne Chance.

Coupe „Think“ a Challenge

Waat dech nach kéint interesséieren