Ob dësem Samschdeg, 6ten Mee, waren déi éischt dräi Spilldeeg bei den Minimmes, an dat zu Miedernach an der Sportshal. An der éischter Renconter goung et géint d’Equipe vun Hueschtert/Foulscht. Vum Klassement hier genau sou staark wéi eis Equipe konnten sech den Richard (D3), den Yannick (D3) an de Kevin (D3) mat 4-2 duerchsetzen.

An der zweeter Partie ob dësem Spilldag goung et géint Lëntgen. Och hei war de Géigner gläichstaark klasséiert, mee et war schonn méi eng enk Geschicht. Et war en Hin an Hier an keng Equipe konnt sech sou richteg ofsetzen. Um Schluss war et dunn een fir déi zwou Equippen wuel verdéngten 3-3 Gläichstand.

Am leschten Match ob dësem Dag sollt et dunn awer leider net méi sou gutt lafen. Eis Jongen spillen jo och nach net sou laang an dräi Partien ob engem Dag ass schonn ustrengend. De Yannick an de Richard konnten zwar nach déi läscht zwee Matcher géint Bartréng gewannen, well d’Equipe awer bis dohin déi éischt véier Matcher verluer hat verléieren eis Jongen des läscht Partie leider mat 2-4.

D’Klassement am Minimmes Championnat no den dräi éischten Spilldeeg

Alles an allem war et awer eng immens Leeschtung vun eiser Equipe déi och mat der zweeter Plaz an der Tabell belount gouf. Den 13ten Mee steet nach eng läscht Renconter géint d’Equipe vun Nouspelt um Programm, Beetebuerg huet jo seng Equipe leider missten aus dem Championnat huelen.

Den 1ten Spilldag bei den Minimes

Waat dech nach kéint interesséieren