Dëschtennis Miedernach

Um Ufank steet den Training

Jiddereen ass bei eis wëllkomm. Einfach bis op den Training kommen an kucken op et engem Spaass mécht. Eng Rackett brauch een am Ufank net matzebréngen, déi gëtt selbstverständlech vum Veräin gestallt bis een weess op een um Dëschtennis och wierklech Loscht huet.

Dëschtennis ass een immens flotten Sport fir all Alterskategorien, mir sinn eng ganz lëschteg Equipe an och wat eis Jugend betrëfft sinn mir relativ gutt opgestallt. Et ass eng schéin Geleeënheet fir sech ënner Gläichaltregen ob eng sportlech Aart a Weis ze beweisen, sief et op offizielle Kompetitiounen oder einfach nëmmen op engem Trainingsmatch.

Training ass ëmmer Dënschdeg an Donneschdeg ab 19:00 Auer.

Bis hoffentlech geschwënn bei eis um Training.