Leschten Samschdeg, den 23ten September, war et den Startschoss an déi nei Saison vum Dëschtennis Championnat, an den Start war fir den Dëschtennis Miedernach net deen Schlechtsten.

Eis éischt zwou Equippen hun missten auswäerts untrieden, allen béid géint den Dëschtennis Fiels-Haler, an allen béid trennen sech mat engem 5-5 Gläichspill. Bei der éischter Equipe ass et an den Matcher hannen net duer gaangen, an och déi zwee Dubbel goufen leider verluer, soss hätt d’Equipe verdéngten 3 Punkten mat heem bruecht. Sou bleift et bei 2 Punkten.

Bei der zweeter Equipe war et e bëssen méi spannend, wann och d’Resultat herno dat nämlech war. Virun den Dubbelen zwou Renconteren gewonne an zwou verluer. An den Dubbelen ass et awer dunn schif gaangen sou datt d’Equipe mat 4-2 hanne louch. D’Jongen konnten dunn nach dräi Matcher hannerteneen gewannen, déi läscht Renconter vum Owend ass awer dunn rem un de Géigner gaangen. D’Equippen trennen sech wéi gesot mat engem 5-5.

Eis drëtt Equipe huet d’Saison besser ugefaange. Nom Obstieg an déi véiert Divisioun heescht d’Ziel dëst Joer: dran bleiwen. Mam formidabelen 7-3 Erfolleg géing Gilsdrëf/Veinen ass den Ufank gemaach. Bleift ofzewaarden wéi sech d’Equipe schléit wann de Géigner e bëssen méi staark gëtt.

Och eis véiert Equipe konnt net besser an d’Saison starten. Och si haaten eng Equipe vum Dëschtennis Gilsdrëf/Veinen ob Besuch a mat engem kloren 9-1 Erfolleg iwwerrennen si de Géigner.

Eis Equippen hun also um 1ten Spilldag keen Match verluer, obwuel deen een oder aneren bestëmmt mat engem aneren Resultat heem gaangen wier.

Den Ufank as gemaach – 1ten Spilldag bei den Seniors

Waat dech nach kéint interesséieren