Schonns iert et zur Grënnung vum DT „Olympic“ Miedernach komm ass, hunn sech zu Miedernach e puer Leit mam Gedanken ofginn e Ping-Pong Klub ze grënnen. En éischte Versuch fir am Café HUSS e Veräin op d’Been ze kréien hat net geklappt, obschonn keng Käschten gescheit goufen an extra e PingPongsdësch opgeriicht gouf fir den Interesséierten d’Geleeënheet ze ginn, dëse flotte Sport kennen ze léieren.

Et war dunn am Joer 1968 d’Beleegschaft vun der SEM S.A. déi des Gedanken mat Erfolleg ëmgesat hunn. Am Café KIEFFER gouf eng Grënnungsversammlung aberuff an den DT „Olympic“ Miedernach war gebuer. Zu dëser Zäit huet de Veräin haaptsächlech aus Mataarbechter vun der SEM S.A. an aus Miedernacher Kanner bestan. En Dësch ass kaf an am Festsall vum Café KIEFFER opgestallt gin. De Fränk GRASHOF huet den éischten Trainer gespillt a probéiert de Kanner Dëschtennis bäizebréngen. Déi offiziell Trainingsméiglechkeeten waren natierlech begrenzt an sou ass all fräi Minutt benotzt ginn fir och ausserhalb vun den offiziellen Trainingsstonnen ze trainéieren. Déi fräi Schoulnomëtteger sinn zum gréissten Deel beim Dësch verbruecht ginn. Wann een haut doriwwer nodenkt kennt een net derlaanscht fir der Famille KIEFFER nodréiglech e grousse Merci auszeschwätzen.

Mat de Kanner vun deemools war sécherlech net dat grousst Geld ze maachen a wann se sech mol vum Täschegeld eng Cola oder Fanta geleescht hunn, sou stoung dat sécherlech a kengem Verhältnis mat den ugefallene Käschten fir Heizung an Elektrescht
Mat der Zäit huet eise Veräin seng Kannerschong ausgedoen an et koum zu den éischten positiven sportlechen Resultater. De Sëtz vum Veräin gouf an de Café des Sports verluecht. Am Café HUSS war et méiglech méi Dëscher opzestellen an doduerch konnten natierlech d’Trainingsméiglechkeeten verbessert ginn.

No a no ass et och op der finanzieller Säit besser gaangen. Danzowenter, Geldloterien an och de „FOUSSTOUR“ hunn wesentlech dozou bäigedroen. Joren laang waren des Trëppeltouren, déi säitens der Federatioun genehmegt waren, e schéinen Erfolleg, an dat souwuel vun den Aschreiwungen wei och vum finanziellen Aspekt hier. Ënnert deenen villen Participanten war och ëmmer e groussen Deel Militär, vun deenen d’Amerikaner iwwer Joren ëmmer deen haarde Kär waren. Et war awer ni gewosst op dëst duerch déi schéin Géigend vu Miedernach koum oder duerch den Téi, deen, mat vill Rumm ugeräichert, gratis verdeelt gouf. Mee et kann een soen datt et schued ass datt des Veranstaltung am Laf vun der Joren opginn gouf.

E wichtege Punkt am Veräinsliewen war sécherlech de Bau vum Centre Culturel. D’Gemeng hat et eisen Veräin deemools erlaabt de Festsall ze benotzen a sou haten mer fir d’éischt, fir deemoleg Verhältnisser, optimal Raimlechkeeten zur Verfügung. Eriwwer waren d’Zäiten an deenen op en Zëmmer am éischte Stack vum ale Schoulmeeschtechhaus huet missten zréck gegraff ginn, wann de Veräin mol eng Kéier d’Raimlechkeeten am Café HUSS net konnt benotzen oder zur gläicher Zäit 3 Heemmatcher um Programm stoungen.

D’Benotzung vum Centre Culturel huet awer och bedeit datt d’Ufänk vun eisem Veräin eriwwer waren. Aus deem oft belaachten klenge PINGPONG war e Veräin ginn, deen am Duerfliewen seng Plaatz nieft aneren aalagesiessen Veräiner ageholl huet. Den DTM war groussjäreg ginn a konnt vun dunn un op d’Kannerzäit vum Veräin zeréckkucken.

Et kann ee soen eng schéin, wann och oft schwiereg Kannerzäit

D’Geschicht vum Dëschtennis Miedernach

Waat dech nach kéint interesséieren