Dësen Samschdeg, den 2. Februar, stoung den 13ten Spilldag vum Seniorschampionnat um Programm. Et gouf all Kéiers auswäerts gespillt.

Eis éischt Equipe war géint Kauneref ugetrueden. Obwuel si ganz fréi um Owend enorm Problemer haten, konnten si hannen eraus di wichteg Eenzelen an Dubbelen gewannen. Um Enn konnten si sech nach ganz knapp mat 6-4 behaapten.

Eis zweet Equipe hat e weideren wichtegen Match géint den Ofstig bestridden. Mee am Verglach zu leschter Woch setzt et dës Kéier eng 3-7 Defaite géint Gilsdref/Veianen II.

Eis drëtt Equipe war géint Wëntger ugetrueden. Den Géigner war ze staark klasséiert an domat kënnt eng weider Néierlag op de Kont. Si verléieren nees kloer mat 1-9.

Eis véiert Equipe hat géint Recken VII gespillt. Den Géigner war nom Klassement hir vill méi staark opgesat. Eis Jugend hat domat net vill Chance an si verléieren kloer mat 1-9.

Mam 14ten Spilldag vum Seniorschampionnat geet et den nächsten Samschdeg, den 9. Februar, weider. Dann ginn Heemmatcher ausgedroen.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.