Dësen Samschdeg, den 20. Oktober, goung et mam 3ten Spilldag vum Cadetschampionnat weider.
E spannenden Match hat eis éischt Equipe géint den Préizerdaul gebueden. Obwuel den Géigner vum Klassement hir méi staark war, konnten si sech um Enn knapp mat 6-4 duerchsetzen.
Eis zweet Equipe hat nees mat engem Spiller manner gespillt. Awer och den Géigner Recken V hat sech deem ugeschloss. De Géigner hat sech ganz schwéier gedoen an et eis Equipe gewënnt um Enn mat 7-2.
Weider geet et dann an dräi Wochen, also den 10. November mam 4ten Spilldag. Dann stinn all Kéiers Auswäertsmatcher um Programm, dat géint Recken IV respektiv géint Ettelbréck.