Um Programm stoung dësen Samschdeg, den 13. Oktober, den 3ten Spilldag vun Seniorschampionnat. D’Matcher goufen alleguerten auswäerts gespillt.

Bei eiser éischter Equipe hat den Géigner Schandel geheescht. Hei konnt sech iwwer den ganzen Match keng Equipe ofsetzen an sou koum et zu engem 5-5 Gläichspill. Domat bléift eis éischt Equipe och no dësem Spilldag weider ongeschloen.

Fir eis zweet Equipe war et manner gutt verlaf, obwuel si virun den Dubbelen nach a Féierung louchen. Duerno war net méi vill zesummen gelaf an um Enn verléieren si géint Ënsber/Heischent II mat 3-7.

Och bei eiser drëtter Equipe gouf et eng Defaite ze verzeechnen. Géint Wëlwerwolz konnt eis drëtt Equipe guer net mathalen an sou verléieren si kloer mat 1-9.

Genausou wei eiser zweeter an drëtter Equipe war et eiser véierter Equipe ergaangen. Leider verléieren si och, dat mat 3-7 géint Hueschtert/Foulscht IX.

Den nächsten Samschdeg, den 20. Oktober, steet den 4ten Spilldag vum Seniorschampionnat um Programm. D’Matcher ginn alleguer doheem zu Miedernach gespillt.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.