Den Dëschtennis „Olympic“ Miedernach feiert dëse Mount säin 50-järegen Jubiläum. Deemools haten sech e puer Léit zesummegedoen fir e Pingpongsveräin op Been ze kréien. D’Geschicht vun eisen Club bleift eemoleg an zënterhier ass schonn vill Zäit vergaangen. Dofir kann leider net méi genau gesot ginn wéini den exakten Datum vun der Grënnung war. Mee eppes steet awer fest, dass den 12. Juni 1968 di éischt Memberen bei der Federatioun gemellt waren. Am Ganzen waren dat 15 Leit.

Am Numm vun eisem Veräin ginn eis Grënnungsmemberen mol opgezielt. Dat waren den Gilbert Alf, den Jean-Marie Barthel, den Jean Guenser, den Aloyse Fettes, d‘Margot Ipavec-Fettes, den Jean Fettes, den Fernand Kieffer, den Nicolas Manternach, den Roger Mayer, den Nico Olinger, den Robert Probst, den Fernand Raths, den Romain Reuland, den Roland Steies an den Nico Welter. Dozou sinn am Laf vun den Joren weider 258 nei Memberen dobäi komm.

Vun eise Grënnungsmemberen ass nach bis haut den Rosch aktive Spiller, obschonn hien am Joer 1992 den Veräin tëschenzäitlech a Richtung Haler an Biissen verlooss hat an di lescht Saison erëm an eise Reie vertruede war. Gratulatioun un di Leeschtung an Konditioun, wëll et ginn net vill Memberen, déi iwwer sou eng laang Zäit duerchhalen.

Fir den 50ten Anniversaire vun eisen Veräin ofzeronnen, gëtt dofir am September kuerz virum Championnatsufank een Equippentournoi organiséiert. Bis dohin wënscht den DT Miedernach eng schéin, erhuelsam Summerpaus an vill Succès fir di nächst Saison.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.