Dësen Samschdeg, den 19. Januar, goung et mam 11ten Spilldag vum Seniorschampionnat weider. Et gouf doheem an eegener Hal gespillt.

Bei eiser éischter Equipe verleeft d’Saison richteg gutt. Géint Ënsber/Heischent kënnt eng weider Victoire op den Kont. Si gewannen den Match mat 9-1.

Dogéint gesäit d‘Situation fir eis zweet Equipe net gutt aus. Eng weider Defaite misst agestach ginn, géint Housen III setzt et eng 2-8 Defaite.

Bei eiser drëtter Equipe gëtt et och di nächsten Néierlag ze verzeechnen. Si verléieren ganz kloer mat 0-10 géint Housen IV.

Eis véiert Equipe war géint Buerglënster IV ugetrueden. Den Géigner war e bëssen méi staark klasséiert wéi eis Jugendspiller. Um Enn missten si sech mat 3-7 geschloe ginn.

Mam Seniorschampionnat geet et den nächsten Samschdeg, den 26. Januar, mam 12ten Spilldag weider. Gespillt gëtt op een Néits an eegener Hal.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.