Dëschtennis Miedernach

Eis Geschicht

Schonn ier et zur Grënnung vum DT „Olympic“ Miedernach komm ass, hunn sech zu Miedernach e puer Leit mam Gedanken ofginn e Pingpongsclub ze grënnen. Een éischte Versuch fir am Café Huss e Veräin op d’Been ze kréien hat net geklappt, obschonn keng Käschten gescheit goufen an extra e Pingpongsdësch opgeriicht gouf fir den Interesséierten d’Geleeënheet ze ginn, dëse flotte Sport kennen ze léieren.

Et war dunn am Joer 1968 d’Beleegschaft vun der SEM S.A. déi dës Gedanken mat Erfolleg ëmgesat hunn. Am Café Kieffer gouf eng Grënnungsversammlung aberuff an den DT „Olympic“ Miedernach war gebuer. Zu dëser Zäit huet de Veräin haaptsächlech aus Mataarbechter vun der SEM S.A. an aus Miedernacher Kanner bestanen. Een Dësch ass kaf an am Festsall vum Café Kieffer opgestallt ginn. De Fränk Grashoff hat den éischten Trainer gespillt an hat probéiert de Kanner Dëschtennis bäizebréngen. Déi offiziell Trainingsméiglechkeeten waren natierlech begrenzt an sou ass all fräi Minutt benotzt ginn fir och nieft den offiziellen Trainingsstonnen ze trainéieren. Déi fräi Schoulnomëtteger sinn zum gréissten Deel beim Dësch verbruecht ginn. Wann een haut doriwwer nodenkt, kennt een net derlaanscht fir der Famill Kieffer nodréiglech e grousse Merci auszeschwätzen.

Mat de Kanner vun deemools war sécherlech net dat grousst Geld ze maachen an wann si sech mol vum Täschegeld eng Cola oder Fanta geleescht haten, sou stoung dat sécherlech a kengem Verhältnis mat den ugefalene Käschten fir Heizung an Elektrescht.

Mat der Zäit huet eise Veräin seng Kannerschong ausgedoen an et koum zu den éischten positiven sportlechen Resultater. De Sëtz vum Veräin gouf an de Café des Sports verluecht. Am Café Huss war et méiglech méi Dëscher opzestellen an doduerch konnten natierlech d’Trainingsméiglechkeeten verbessert ginn.

No a no war et och op der finanzieller Säit besser gaangen. Danzowenter, Geldlotterien an och de „Fousstour“ haten wesentlech dozou bäigedroen. Joren laang waren dës Trëppeltouren, déi säitens der Federatioun geneemegt waren, e schéinen Erfolleg, an dat souwuel vun den Aschreiwungen wei och vum finanziellen Aspekt hir. Ënnert deenen villen Participanten war och ëmmer e groussen Deel Militär, vun deenen d’Amerikaner iwwer Joren ëmmer deen haarde Kär waren. Et war awer ni gewosst op dëst duerch déi schéin Géigend vu Miedernach koum oder duerch den Téi, deen mat vill Rumm ugeräichert, gratis verdeelt gouf. Mee et kann een soen datt et schued ass datt dës Veranstaltung am Laf vun den Joer opginn gouf.

E wichtege Punkt am Veräinsliewen war sécherlech de Bau vum Centre Culturel. D’Gemeng hat et eisen Veräin deemools erlaabt de Festsall ze benotzen an sou haten mer fir d’éischt, fir deemoleg Verhältnisser, optimal Raimlechkeeten zur Verfügung. Eriwwer waren d’Zäiten an deenen op d’Zëmmer am éischte Stack vum ale Schoulmeeschteschhaus huet missten zréckgegraff ginn, wann de Veräin mol eng Kéier d’Raimlechkeeten am Café Huss net konnt benotzen oder zur gläicher Zäit dräi Heemmatcher um Programm stoungen.

D’Benotzung vum Centre Culturel huet awer och bedeit datt d’Ufäng vun eisem Veräin eriwwer waren. Aus deem oft belaachten klenge Pingpong war e Veräin ginn, deen am Duerfliewen seng Plaz nieft aneren deemolegen Veräiner ageholl huet. Den DTM war groussjäreg ginn an konnt vun dunn un op d’Kannerzäit vum Veräin zeréckkucken.

Et kann een soen eng schéin, wann och oft schwiereg Kannerzäit.