Éischte Spilldag vun de Jeunes an de Minimes

Éischte Spilldag vun de Jeunes an de Minimes

Dëse Samschdeg war de Startschoss vum Jeunes- an Minimeschampionnat.

D’Resultater vun de Jeunes:
Miedernach spillt 3-3 gläich géint Recken IV
Miedernach gewënnt 4-2 géint Ettelbréck

Eis Jeunesequipe setzt sech géint hir Géigner duerch an beleet di 1te Plaz mat 5 Punkten ënner dräi Equippen.

D’Resultater vun de Minimes:
Entente Reiland/Miedernach verléiert 2-4 géint Iechternach
Entente Reiland/Miedernach gewënnt 6-0 géint Méischdref

Ënner dräi Equippen placéiert sech d’Entente Reiland/Miedernach op der 2ter Plaz mat 4 Punkten.

Di nächst Woch steet schonn den zweeten Tour vum Jeunes- an Minimeschampionnat um Programm. De Spillplang kënnt dann am Laf vun der Woch eraus.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert.