Wéi um leschten Spilldag vun den Cadets ugekënnegt, war et fir eis Jugendspiller, op dësem Samschdeg, dem 28. Abrëll, den Start am Jeuneschampionnat. Do hunn mir am Viraus dräi Equippen ugemellt. Gespillt gouf den 1ten Tour all Kéiers an Gruppen vun sechs Equippen an dat op zwee Spilldeeg verdeelt.

Fänken mir mol mat eiser éischter Equipe un, déi zu Lëntgen gespillt hat. Den éischten Géigner hat Viichten geheescht an déi waren nëmmen mat zwee Spiller ugetrueden. Domat hat eis Equipe liicht Spill an si setzen sech kloer mat 5-1 duerch.
Am zweete Match hat d’Equipe aus dem Préizerdaul och nëmmen zu zweet gespillt an um Enn stoung et ganz kloer 6-0 fir eis Equipe.
Am leschte Match vum Dag war de Géigner vun Lëntgen awer mol komplett opgesat. Mee och hei wënnt eis Equipe ouni grouss Problemer mat 5-1.

Eis zweet Equipe war dogéint bis op Miersch gefuer. Den éischten Géigner vum Dag war d’Equipe vun Iechternach. Um Enn war et nach fir een 3-3 Gläichspill duergaangen, dobäi goufen zwee wichteg Matcher am 5ten Saz gewonnen.
Duerno am zweete Match hat eis Equipe guer keng Problemer an si konnten sech kloer mat 6-0 géint Bartreng II duerchsetzen.
Den nächsten Match géint Recken III war dann leider net méi sou gutt verlaf. Déi zwee lescht Matcher beim Stand vun 2-2 konnten net méi gewonnen ginn an domat verléieren si um Enn mat 2-4.

Zu gudder Lescht nach eis drëtt Equipe déi den wäite Wee bis op Zéisseng ugetrueden war. Ugefaangen hat eis Equipe och direkt géint Zéisseng II. Si konnten den Match mat 4-2 fir sech entscheeden, hei war den Géigner och nëmmen mat zwee Spiller ugetrueden.
Och den nächsten Géigner vun Lénger II hat mat engem Spiller manner gespillt. Dëse Match konnt schonn wéi virdrun mat 4-2 gewonnen ginn.
Den leschte Match géint Beetebuerg-Peppeng konnten si awer net méi fir sech entscheeden an eis Equipe verléiert deen mat 2-4.

Den nächsten Samschdeg, den 5. Mee, geet et dann mam 2ten Spilldag vum 1ten Tour weider.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.