Et ass schonn 3 Joer hier dat mir eng Minimes Equipe fir d’Championnat ugemellt hunn. Am Moment hunn mir awer eng gutt Unzuel vun jonken a motivéierten Spiller am Veräin, sou datt mir an dëser Saison och erëm kënnen eng Equipe am Minimes Championnat un den Start schécken.

Lass geet et den 6ten Mee mat den Renconteren Miedernach géint Hueschtert-Folscht, géint Lëntgen an géint Batréng. Et gëtt also een aarbechtsintensiven Nomëtteg mat dräi Renconteren. Gespillt ginn alleguer d’Matcher an der Sportshal zu Miedernach.

D’Equipen aus dem 1ten Bezirk vun der 5ter Divisioun vum Minimeschampionnat

Fir eis kleng Dëschtennisspiller sinn et mat déi éischten Matcher fir déi si untrieden, iwwert ären Support an der Hal wäerten si sech dofir mat Sécherheet freeën.

 

Eng Equipe bei den Minimes

Waat dech nach kéint interesséieren