Op dem leschten Spilldag vum 1ten Tour am Cadetschampionnat konnten eis zwou Equippen dësen Samschdeg, den 17. November, allebéid zwou Victoiren verbuchen.

Eis éischt Equipe war géint Housen ugetrueden. D’Klassement vun den Géigner haten deenen vun eisen entsprach. Den Match war awer kloer zu eisen Gonschten verlaf an sou stoung um Enn een 8-2 Succès.

An der Tabell klasséiert sech eis éischt Equipe op der 2ter Plaz mat 12 Punkten.

Bei eiser zweeter Equipe war um Enn d’Resultat nach méi däitlech. Um Pabeier war den Géigner e bëssen méi schwaach klasséiert. Géint Gilsdref/Veianen setzt sech eis zweet Equipe mat 9-1 duerch.

Mat 11 Punkten beleet eis zweet Equipe di 3te Plaz an der Tabell.

Fir eis Cadetsequippen steet elo eng kleng Paus un. Fir si geet et dann den Samschdeg, den 8. Dezember, mam 1ten Spilldag vum 2ten Tour weider.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.