Di éischt Defaite an der Réckronn setzt et fir eis éischt Equipe. Niewebäi konnt sech eis zweet Equipe no hirer Victoire erëm op der Opstigsplaz placéieren.
D’Resultater:
Miedernach verléiert 3-5 géint Gréiwemaacher
Miedernach II gewënnt 7-1 géint Groussbus/Mäerzeg II
Miedernach III gewënnt 8-1 géint Osper IV
De nächste Samschdeg steet dann den 16te Spilldag vum Seniorschampionnat um Programm.