Op dësem Samschdeg, den 9. Mäerz, stoung nieft den Virbereedungen fir d‘Buergbrënnen och nach den 15ten Spilldag vum Seniorschampionnat um Programm. Gespillt gouf all Kéiers auswäerts.

Eis éischt Equipe war schonn an der Woch um Donneschdeg am Asaz. Si waren géint Lëntgen III ugetrueden. Do waren si ferm ënner d’Rieder komm an verléieren um Enn ganz kloer mat 1-9.

Genee wei eis éischt Equipe hat och eis zweet Equipe den Match um Donneschdeg ausgedroen. Géint Wolz II waren si erëm komplett besat. Dofir konnt sech eis zweet Equipe mat 6-4 duerchsetzen an séchert sech domat wichteg Punkten géint den Ofstig.

Eis drëtt Equipe war géint Ëlwen V ugetrueden. Och dës Kéier gouf et fir si näischt Positives ze vermellen. Et setzt di nächsten Defaite an der Réckronn, si verléieren kloer mat 2-8.

Eis véiert Equipe hat géint Rued IX gespillt. Si waren nëmmen mat zwee Spiller ugetrueden, mee trotzdeem konnten si sech um Enn nach een 5-5 Gläichspill sécheren.

Den nächsten Samschdeg, den 16. Mäerz, steet den 16ten Spilldag vum Seniorschampionnat um Programm. Dann geet et mat Heemmatcher weider.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.