Eis Noperen vun Noumer haten den Mëttwoch, den 31. Oktober, hiren 6ten Jugendtournoi an der Fiels ausgedroen. Och eis Jugend war do präsent an erfollegräich.

An der Kategorie Préminimes/Minimes/Cadets D3 konnt den Liam sech di 3te Plaz sécheren. Donieft beleet den Yannick an der Kategorie Préminimes/Minimes/Cadets D2 och di 3te Plaz. An der selwechter Kategorie konnt den Adrien sech bis an d’Finale spillen, mee déi konnt hien leider net gewannen. Sou stoung um Enn di 2te Plaz fest. Den DT Miedernach gratuléiert.

 

 

 

Alleguer d‘Resultater vum Jugendtournoi vun Noumer stinn nees um Internetsite vun der Federatioun.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.