Och am neie Joer geet et weider mat gudden Resultater, dat vum Jugendtournoi vun Nouspelt. Op der 11ter Editioun vum „Mini Grand Prix du DT Nospelt“ haten den leschten Samschdeg, den 5. Januar, zwee vun eise Jugendspiller zougeschloen.

An der Kategorie Préminimes/Minimes/Cadets D3 konnt sech den Max di 3te Plaz sécheren. Awer och den Kevin hat sech gutt presentéiert, hien beleet di 2te Plaz an der Kategorie Préminimes/Minimes/Cadets D2. Den DT Miedernach gratuléiert.

 

 

 

D’Resultater vum Jugendtournoi vun Nouspelt stinn elo um Internetsite vun der Federatioun.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.