Bei den Landesmeeschterschaften 2018, wou dësen Sonndeg d’Finalen waren, konnten och zwee vun eisen Memberen nawell grouss optrieden. Et sinn hei den Danny Mayer an den Sven Herschbach déi am Doubel an der Kategorie C kënnen déi éischt Plaz fir sech eraushuelen. Well si am éischten Tour keen Géigner gezunn kruten sinn déi Zwee direkt am zweeten Tour gestart. Hei sinn si direkt mat enger klorer 3-0 Victoire een Tour weider komm.

Et war eréischt an der Véierelsfinall wou si hiren éischten Satzverloscht hunn missten hinhuelen, trotzdeem gewannen si déi aner Sätz relativ kloer an stoungen domat duerch dësen 3-1 Erfolleg an der Halleffinall. Hei sinn si net richteg ukomm, verléieren deen éischten Saz ob 4 Punkten, kënnen awer duerno kloer mat 3-1 gewannen. Duerno goung et an der Final em d’Wurscht.

Hei war et e bëssen méi knapp wéi an de Matcher virdrun. Déi zwee éischt Sätz gewannen si knapp ob 9 an ob 13, am Drëtten muss si sech mat 7-11 geschloen ginn. Deen véierten Saz kënnen si awer duerno kloer mat 11-6 fir sech entscheeden an domat war déi iewescht Plaz um Podium geséchert. Ob dëser Plaz Gratulatioun un  déi Zwee. Weider esou.

Een Kommentar

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.