Landesmeeschterschaften 2023

Landesmeeschterschaften 2023

!!! Marie gouf Landesmeeschterin am Eenzel an der Kategorie Dammen C !!!

Um Samschdeg konnt sech d’Marie no de Gruppemätcher an der 1/4-Finale géint Lynn Stoltz vum DT Wëntger duerchsetzen an war doduerch fir 1/2-Finale dëse Sonndeg an der Coque um Kierchbierg qualifizéiert.

Um Sonndeg gewënnt hatt seng 1/2-Finale géint Meggie Gry vum DT Altwies/Gaasperech an ass spéider an der Finale ugetrueden. Do ass et géint Carine Berend vum DT Beetebuerg/Peppeng gaangen. D’Entscheedung sollt hei eréischt am decisiven 5te Saz falen, wou d’Marie sech um Enn behaapte konnt. Domat gëtt d’Marie Landesmeeschterin am Eenzel an der Kategorie Dammen C. Den DT Miedernach gratuléiert fir deen fantasteschen Exploit.

 

 

One comment

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.