Op dësem Sonndeg, den 6. Mee, goufen zu Krautem (organiséiert vum DT Beetebuerg/Peppeng) d’Landesmeeschterschaften an den Alterskategorien U21, Juniors an Cadets ausgedroen. Och zwee vun eise Spiller hunn do zougeschloen.

Ugefaangen mam Dubbel an der Kategorie U21. Hei konnten sech den Marc B. an den Sven H. di drëtte Plaz sécheren. Am Viraus stoung schonn di drëtte Plaz fest wëll nëmmen véier Dubbelen ugemellt waren. An der Halleffinall waren si géint den Krispin Wolter vun Éiter/Waldbriedemes an den Jo Schram vun Bech/Maacher ugetrueden an si verléieren den Match an dräi Sätz.

 

 

An der Kategorie U21 konnt den Marc B. och nach eng drëtte Plaz erreechen, dat ënner aacht Participanten. An der Véierelsfinall setzt hien sech an véier Sätz géint Léandro Brouschert vum Houwald duerch. Mee duerno an der Halleffinall hat hien awer keng Chance méi géint den Krispin Wolter vun Éiter-Waldbriedemes.

 

 

Gratulatioun un eis zwee Spiller fir hir super Leeschtungen an di zwou Podiumsplazen.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.