Ob dësem Samschdeg, 13ten Mee, waren déi zwee läscht Spilldeeg vum 1ten Tour vum Minimeschampionnat. Well een Veräin fir seng Equipe huet missten Forfait mellen blouf fir eis Jongen nach just d’Equipe vun Nouspelt als Géigner.

Och hei hat de Géigner Personalproblemer an ass leider mat nëmmen zwee Spiller ugetrueden. Waren elo eis Jongen immens staark ob dësem Dag, oder huet beim Géigner d’Motivatioun gefeelt; ob jidder Fall huet eis Equipe mat 0-18 an den Sätz an mat engem Endresultat vun 0-6 kloer d’Equipe vum DT Nouspelt iwwerrannt.

D’Schlussklassement vum Minimeschampionnat

Um Enn bedeit dat eng super drëtt Plaz an der Tabell.  Alleguer d’Resultater vum Championnat fannt dir wéi gewinnt um Site vun der Federatioun.

Läschten Spilldag bei den Minimes

Waat dech nach kéint interesséieren