Leschte Spilldag vun de Seniors

Leschte Spilldag vun de Seniors

Um leschte Spilldag vun der Saison gouf et nach eng Kéier staarke Performancen vun eisen Equippen. Eis éischt Equipe ronnt eng formidabel Saison of, eis zweet Equipe verpasst den Opstig an eis drëtt Equipe feiert den Opstig.

D’Resultater:
Miedernach gewënnt 8-2 géint Ell II
Miedernach II spillt 5-5 gläich géint Berbuerg V
Miedernach III gewënnt 8-2 géint Nacher III

Bilan vun der Réckronn:
Nom Opstig an der Hironn spréngt fir eis éischt Equipe eng staark 4te Plaz mat 20 Punkten eraus. Si spillen och nächst Saison an der éischter Divisioun.
Eis zweet Equipe huet den Opstig verpasst. Si beleeën um Enn di 5te Plaz mat 20 Punkten an bleiwen domat an der drëtter Divisioun.
Eis drëtt Equipe packt iwwerdeems den Opstig fir an Divisioun 5A no enger 4ter Plaz mat 21 Punkten.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert.