Op dësem Samschdeg, den 30. Mäerz, war den Ofschloss vum Cadetschampionnat, dat mam 15ten an leschten Spilldag.

Eis Cadetsequipe war doheem op Recken IV getrueden. Mat engem Spiller manner missten eis Cadets auskommen. Ëmmerhin konnten zwee Eenzelmatcher gewonne ginn an et stoung um Enn 2-8 aus eiser Siicht.

Bedéngt duerch di schwéier Géigner beleet eis Cadetsequipe an der Tabell di 6ten an leschten Plaz mat 5 Punkten.

Fir eis Jugend ass d’Saison awer nach net eriwwer. Den 4. ,den 11. an den 18. Mee geet et nach mam Jeuneschampionnat weider.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.