Op dësem Samschdeg, dem 12. Mee, gouf den leschten Spilldag vum Jeuneschampionnat ofgehalen. Fir den 2ten Tour goufen dowéinst all Kéiers néi Gruppen vun véier Equippen zesummegestallt.

Nodeems eis éischt Equipe am 1ten Tour eng excellenten éischte Plaz beluecht hat, goufen si doduerch an eng méi staark Divisioun agedeelt. D’Matcher goufen zu Bäerdref ausgedroen. Ugefaangen haten si och direkt géint d’Equipe vun Bäerdref. Ausgaangen war den Match mat engem 3-3 Gläichspill.
Duerno haten si géint Mondorf gespillt an och hei war et mat engem 3-3 Gläichspill op een Enn gaangen.
Leschten Géigner vum Dag war d’Equipe vun Mäertert an et sollt dës Kéier fir eis Equipe duer goen. Si wannen den Match mat 4-2.

An der Tabell klasséiert sech eis éischt Equipe als 2ten mat 7 Punkten.

Lo kucken mir mol wéi et bei eiser zweeter Equipe gelaf war, déi hir Matcher zu Miersch gespillt hat. Den éischten Géigner hat Käerch geheescht. Hei war den Match ganz kloer un den Géigner gaangen an si verléieren mat 0-6.
Och am zweeten Match war de Géigner ze staark an si verléieren mat 0-6 géint Nouspelt II.
Duerno am leschten Match war et bei eiser zweeter Equipe awer besser gaangen. Um Enn war nach een 3-3 Gläichspill géint Recken III erausgesprongen.

Eis zweet Equipe beleet hei di 4ten Plaz mat 4 Punkten.

Eis drëtt Equipe hat dës Kéier den Heemvirdeel, mee si waren och nëmmen mat zwee Spiller ugetrueden. Den éischten Match haten si géint Gilsdref/Veianen II gespillt. Den Match verléieren si kloer mat 0-6.
Bedéngt duerch den Forfait vun Housen II, wënnt eis drëtt Equipe dann mat 6-0.
Awer och deen leschten Match verléieren si mat 1-5 géint Noumer II.

Eis drëtt Equipe klasséiert sech als 3ten an der Tabell mat 5 Punkten.

Gratulatioun un eis Jugendspiller fir e gudden Ofschloss an domat ass den Championnat fir dës Saison och eriwwer. Op dëser Plaz nach e groussen Merci un d’Elteren an un d’Memberen déi iwwer d’Saison mat eiser Jugend op d’Matcher gefuer waren.

Um Enn nach zwee Datumer, déi een sech nach am Hannerkapp soll halen. Een dovunner ass Samschdeg, den 9. Juni, wou eis Generalversammlung ofgehalen gëtt. Deen aneren ass Freides, den 22. Juni, also den Virowend vum Nationalfeierdag. Do ginn nach eis erfollegräich Spiller an Equippen fir hir excellent Resultater an der Saison geéiert. Weideres dozou kréien déi betraffe Memberen nach matgedeelt.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.