Dësen Samschdeg, den 30. Mäerz, gouf och den 18ten an leschten Spilldag vum Seniorschampionnat ofgehalen. Alleguer eis Equippen haten doheem gespillt.

Eis éischt Equipe war op Welschent getrueden. Et war een enke Match wou sech keng Equipe entscheedend ofsetze konnt. Di lescht zwee Eenzelen haten dann d’Entscheedung zu eisen Gonschten bruecht. Si gewannen deen leschten Match vun der Saison mat 6-4. An der Tabell beleeën si di 5te Plaz mat 40 Punkten an bléiwen soumat an der zweeter Divisioun.

Di drëttleschte Plaz an der Tabell stoung fir eis zweet Equipe d’lescht Woch schonn fest. Si haten d’Saison awer mat enger Victoire ofgeschloss. Géint Hueschtert/Foulscht V setzen si sech mat 7-3 duerch. Mat 31 Punkten placéiert sech eis zweet Equipe als 8ten an fält normalerweis an d’véiert Divisioun, mee et gëtt ofzewaarden ob net di eng oder aner Plaz nach fräi gëtt fir an der drëtter Divisioun ze bléiwen.

Fir eis drëtt Equipe geet eng schwéier Saison op een Enn. Duerch eisen Spillerausfall haten si am Meeschten ze kämpfen. Et gouf di nächsten Defaite ze verzeechnen, dat kloer mat 0-10 géint Welschent II. An der Tabell steet eis drëtt Equipe op der 10ter an leschter Plaz, domat falen si aus der véierter Divisioun an spillen di nächst Saison an der fënnefter Divisioun.

Géint Iechternach VI war eis véiert Equipe ugetrueden. Eis Equipe war genee wei den Géigner nëmmen mat zwee Spiller present. Den Match gouf awer kloer mat 2-7 verluer. Si klasséieren sech an der Réckronn als 7ten mat 16 Punkten an spillen och di nächst Saison an der sechster Divisioun.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.