Op dësem Samschdeg, dem 5. Mee, gouf och erëm déi alljäerlech Lietsch vun eiser Gemeng organiséiert. D‘Lietsch ass eng Holzstee no alem Brauch, déi schonn virun Krichszäit zeréck geet an nach bis haut zu Miedernach besteet.

Dës Kéier war Treffpunkt am „Ieweschte Bësch“ (Bëschwee tëscht dem alen Dreckstipp an dem Waasserbaseng). Bei richteg guddem Wierder stoungen 160 Stär Buchen- an 5 Stär Eechenholz prett fir gesteet ze ginn. Do war jo bestëmmt fir jiddereen eppes dobäi. Wéi di lescht Joer hat eise Veräin och nach ëmmer d’Charge fir Iessen an Gedrénks ze suergen.

Um Enn nach e puer Andréck vun der Lietsch.

 

 

Als Erënnerung, virun 40 Joer, war eise Veräin fir d’éischte Kéier op der Lietsch fir Iessen an Gedrénks zoustänneg.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.