E Samsdeg, 20ten Mee,  goufen am Minimeschampionnat d’Matcher vum 2ten Tour gespillt. Genau wéi am 1ten Tour konnt eis Jugend och hei iwerzeegen. Lass goung et mat der Renconter géint Lëntgen. Hei waren eis Jongen wuel nach net ganz waarm, an awer och de Géigner eventuel ze stark; mat 0-6 koumen si hei leider ënnert d’Rierder.

An der zweeter Partie hunn si dunn de Spies gedréint. Et war hei d’Equipe vun Ell déi géint eis Equipe keng Chance haat. Domat koum déi zweet Equipe op dësem Spilldag ënnert d’Rierder, et sin awer eis Jongen déi dës Kéier mat 0-6 kënnen iwerzeegen.

No dësem zweeten Match war d’Äis gebrach an och den drëtten an leschten Match konnt eis Equipe fir sech entscheeden. Bis zum Stand vun 2-2 war et géint Hueschtert/Folscht nach ondécidéiert. Déi zwou läscht Partien konnten awer dunn gewonn ginn an d’Equipen trennen sech mat engem 2-4 fir Miedernach.

Gratulatioun un eis Jugend fir dës super Leeschtung. Alleguer d’Resultater fannt dir wéi gewinnt um Site vun der Federatioun en détail.

Minimes – D’Resultater vum 2ten Tour

Waat dech nach kéint interesséieren