Dëse Sonndeg, 7ten Mee, waren zu Rued/Syr déi national Meeschterschaften an den Kategorien Cadet, Minimmes an U21. Et ass hei de Marc deen ob eng gutt drëtt Plaz kënnt. Et sief awer gesot datt an dëser Kategorie nëmmen 9! Spiller un den Depart gaangen sinn.

Am 1ten Match géint den Philippe Frisch vun Lënster, B3 klasséiert, konnt hien sech kloer an dräi Sätz duerchsetzen. Duerno war awer géint den Alessio Dal Zotto vun Lénger, A3 klasséiert, Schluss. Ëmmerhin konnt de Marc hei den 2ten Saz fir sech entscheeden. Méi war awer leider net dran an hien deelt sech domat déi drëtt Plaz bei den U21 mam Yann Pesleux vu Rued.

Alleguer d’Resultater vun all den nationalen Meeschterschaften fannt dir wei gewinnt um Site vun der Federatioun en détail fir nozeliesen.

National U-21 Meeschterschaft

Waat dech nach kéint interesséieren