Dësen Samschdeg, den 19. Januar, stoung den 9ten Spilldag vum Cadetschampionnat um Programm. Eis zwou Equippen waren doheem ugetrueden.

Eis éischt Equipe hat géint Recken IV gespillt. Um Pabeier war den Géigner vill méi schwaach klasséiert. Dat hat d’Resultat dann och ausgedréckt, si gewannen kloer mat 10-0.

Bei eiser zweeter Equipe war et manner gutt verlaf, si waren nëmmen mat zwee Spiller ugetrueden. Géint Gilsdref/Veianen missten si sech mat 3-7 geschloe ginn.

Um nächsten Samschdeg, den 26. Januar, geet et weider mam leschten Spilldag vum 2ten Tour am Cadetschampionnat. Eis zwou Equippen spillen auswäerts géint den Préizerdaul respektiv géint Ettelbréck II.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.