D’Seniorschampionnat ass eriwwer an domat ass et un der Zäit fir d’Bilanz ze zéien. Et war keng einfach Saison, wat een och un de Resultater kann gesinn. Fir eis éischt Equipe geet eng Ära zu Enn, et geet aus der éischter Divisioun erof an déi zweet. Et war einfach net méiglech sech ze halen, bedéngt duerch Personalmangel an och de Faite datt d’Divisiounen ëmmer méi staark ginn.

Duerch de Personalmangel hat och eis zweet Equipe ze kämpfen, d’Jongen hunn awer eng fantastesch Saison gespillt, sech immens entwéckelt an och fir déi eng oder aner Iwwerraschung gesuergt. Si spillen och déi nächst Saison an der drëtter Divisioun.

Eis drëtt Equipe steigt an déi véiert Divisioun. No enger éischter Plaz an der Hironn dominéieren si och an der Réckronn an ginn och hei mat enger éischter Plaz an d’Summerpaus. Déi nächst Saison wäert awer e gutt Stéck méi schwéier ginn, an och e véierten Mann gëtt gebraucht waat vläicht erëm e Personalmangel an der véierter Equipe bedéit.

Eis véiert Equipe huet wéi déi drëtt hir Saison an der fënnefter Divisioun gespillt, an och si hunn an der Hironn dominéiert an goufen Tabellenéischten. An der Réckronn haten si et awer leider e bëssen méi schwéier, dat ënner anerem well heiansdo den drëtten Mann gefeelt huet. Trotzdeem hunn si eng excellent véiert Plaz an der Tabell erreecht.

Alleguer d’Resultater sinn wéi gewinnt um Site vun der Federatioun nozeliesen.

Obstieg an Ofstieg

Waat dech nach kéint interesséieren