Opgrond vun der Ausbreedung vun der Corona-Pandemie goufen Ufank Mäerz all Sportskompetitiounen ënnerbrach. Heibäi gouf sech schonn Gedanken gemaach wéi di ofgebrache Saison gewäert kann ginn.

Wëll et an noer Zukunft net méiglech ass d’Championnater fäerdeg ze spillen, gouf de Seniorschampionnat offiziell ofgebrach. Dofir hat d’Federatioun fir een Referendum opgeruff, woubäi jiddereen vun den 79 Veräiner deelgeholl hat an seng Stëmm ofginn hat.

Fir d’Wäertung vun Seniorschampionnat gouf den Tabellestand nom 15te Spilldag geholl. Dobäi steigen di jéinesch Equippen op, di schonn den Opstig um 15te Spilldag rechneresch gepackt haten. Di jéinesch Equippen steigen of, wou den Ofstig schonn um 15te Spilldag feststoung. Verbliwwe fräi Plazen an deenen verschiddenen Divisiounen ginn no de Spillstäerkten vun jeeweilegen Equippen opgefëllt.

Pressecommuniqué

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.