Gëschter um Dënschdeg, den 9. Oktober, war den Start an d‘Qualifikatiounsronn vun der Coupe „Challenge de la Fédération“. D’Matcher ginn nom Handicap-System gespillt, dat heescht een méi schwaach klasséierten Spiller kritt géint een méi staark klasséierten Spiller an all Saz eng gewëss Punkte un Virsprong.

Am Grupp 1 war eis zweet Equipe auswäerts géint Nacher III ugetrueden. De Géigner war um Pabeier däitlech méi schwaach klasséiert wéi eis Equipe. Eis Spiller haten soumat vill Punkten opzehuelen. Si waren awer ganz gutt an den Match erakomm. Deen erspillten Virsprong haten si sech net méi huele gelooss an um Enn setzt sech eis zweet Equipe mat 5-3 duerch.

An dem anere Match vun der Grupp gouf eng zimlech enk Affär. Do konnt sech Ënsber-Heischent II géint Ëlwen II knapp mat 5-4 behaapten.

Den nächsten Dënschdeg, den 16. Oktober, trëtt eis zweet Equipe nach eng Kéier auswäerts un, dann heescht den Géigner Ëlwen II.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.