Op dësem Dënschdeg, den 16. Oktober, war et mam zweeten Gruppematch vun der Coupe „Challenge de la Fédération“ weidergaangen.

Do war eis zweet Equipe auswäerts géint Ëlwen II ugetrueden. Nom Spillbou hat de Géigner genee datselwecht Klassement wéi eis Equipe. Genausou wei den leschten Dënschdeg, konnt sech eis Equipe mat 5-3 duerchsetzen.

Eng zimlech kloer Affär gouf et am anere Gruppematch. Do gewënnt Ënsber-Heischent II mat 5-1 géint Nacher III.

Um Dënschdeg, den 13. November, spillt eis zweet Equipe dann den leschten Gruppematch doheem géint Ënsber/Heischent II.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.