Um leschte Gruppematch an der Coupe „Challenge de la Fédération“ hat sech jo eis zweet Equipe fir den nächsten Tour qualifizéiert. An der regionaler Qualifikatiounsronn treffen si elo doheem op Nouspelt III. Gespillt gëtt den Dënschdeg, den 27. November, zu Miedernach an der Sportshal.

 

 

Am Fall vun enger Victoire géint Nouspelt III géif dann den nächsten Géigner Biissen II heeschen. Bonne Chance wënschen mir eiser zweeter Equipe.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.