Op dësem Dënschdeg, den 27. November hat eis zweet Equipe den éischten Match an der regionaler Qualifikatiounsronn vun der Coupe „Challenge de la Fédération“ gespillt.

Op Besuch war d’Equipe vun Nouspelt III, déi vum Klassement hir e bëssen méi staark agestuuft war. Den Match war awer erëm positiv verlaf, si konnten sech e klengen Virsprong erausspillen, deen si bis zum Enn net méi ofginn hunn. Wei di leschte Matcher gouf och Nouspelt III mat 5-3 bezwongen.

Dat heescht dass eis zweet Equipe, den Dënschdeg, den 11. Dezember, auswäerts géint Biissen II untrëtt. Den Gewënner qualifizéiert sech fir d‘Aachtelsfinale vum Haapttableau. Mir wënschen eiser Equipe bonne Chance.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.