Manner gudde Spilldag fir eis Equippen, nëmmen eis drëtt Equipe behält seng wäiss Veste. Eis véiert Equipe séchert sech nees e Gläichspill. Fir eis éischt an zweet Equipe gouf et näischt ze huelen.
D’Resultater:
Miedernach verléiert 0-10 géint Nouspelt
Miedernach II verléiert 4-6 géint Meechtem II
Miedernach III gewënnt 6-4 géint de Préizerdaul VIII
Miedernach IV spillt 5-5 gläich géint Osper IV
Weider geet et nächste Samschdeg mam 7te Spilldag vum Seniorschampionnat.