Op dësem Samschdeg, den 17. November, stoung den 6ten Spilldag am Seniorschampionnat um Programm. Eis Equippen haten hir jeeweileg Géigner op Besuch.

Eis éischt Equipe hat géint Lëntgen III gespillt. Et war eng nawell enk Partie wou fënnef Eenzelmatcher an den Entscheedungssaz gaange waren. Mee do hat eis Equipe net di beschte Nerven an um Enn missten si sech mat 3-7 geschloe ginn.

Wei schonn d’lescht Woch hat eis zweet Equipe erëm eng knapp Defaite missen astiechen. Di lescht zwee Eenzelen goungen nees un den Géigner an sou verléieren si op een Néits mat 4-6 géint Wolz II.

Ëmmerhin konnt eis drëtt Equipe op dësem Spilldag eng wichteg Victoire verbuchen. Géint Ëlwen V setzen si sech an engem enke Match mat 6-4 duerch.

Eis véiert Equipe war spillfräi wëll den Géigner Biissen VII duerch dräi Forfaiten an der lafender Hironn net méi untrieden dierft.

Weider geet et elo den Samschdeg, den 1. Dezember, mam 7ten Spilldag vum Seniorschampionnat.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.