Dësen Samschdeg, den 16. Mäerz, stoung fir eis Seniorsequippen den 16ten Spilldag um Programm, dat mat Heemmatcher.

No der kloer Néierlag lescht Woch konnt sech eis éischt Equipe dës Kéier duerchsetzen. Géint Bëschdref konnten si sech wichteg Matcher am fënneften Saz sécheren an gewannen e bëssen kloer mat 9-1.

Eis zweet Equipe hat géint Ettelbréck II gespillt. Et war nees e wichtegen Match géint den Ofstig, leider hat d’Dagesform net gepasst an sou verléieren si kloer mat 2-8 géint Ettelbréck II.

Eis drëtt Equipe war géint Kauneref III ugetrueden. De Géigner war ze staark an domat verléieren si nees kloer mat 2-8. Elo steet och fest dass eis drëtt Equipe ofgestigen ass.

Eis véiert Equipe war géint Bartreng VIII am Asaz. Eis Jugend hat sech ganz gutt presentéiert. Si konnten sech kloer géint hir Géigner mat 8-2 duerchsetzen.

Den nächsten Samschdeg, den 23. Mäerz, steet schonn den 17ten an zweetleschten Spilldag vum Seniorschampionnat virun der Dier. Gläichzäiteg sinn dat di lescht Auswäertsmatcher fir eis Seniors.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.