Dësen Samschdeg, den 1. Dezember, war et mam 7ten Spilldag am Seniorschampionnat weidergaangen.

Ugefaangen mat eiser éischt Equipe, si konnten hiren Auswäertsmatch doheem spillen. Dat haten si dann och genotzt an gewannen mat 6-4 géint Bëschdref.

Bei eiser zweeter Equipe war et net esou gutt gelaf, mee si haten och mat Ettelbréck II e staarke Géigner. Zwee Eenzelen konnten gewonnen ginn an sou gouf et eng kloer 2-8 Defaite.

Och net gutt verlaf war den Match vun eiser drëtter Equipe. Géint Kauneref III gouf nëmmen d’Éier gerett an sou stoung um Enn eng ganz kloer 1-9 Néierlag.

Eis véiert Equipe hat op der selwechter Plaz gespillt. Mee si haten et géint Kauneref VI besser gemaacht. Si setzen sech hei knapp mat 6-4 duerch.

Den 8ten Spilldag vum Seniorschampionnat steet den nächsten Samschdeg, den 8. Dezember, um Programm. Eis Equippen droen hir Matcher alleguer doheem aus.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.