Op dësem Samschdeg, den 23. Mäerz, hat den 17ten Spilldag vum Seniorschampionnat stattfonnt. Dobäi stoungen Auswäertsmatcher um Programm.

Eis éischt Equipe war géint Biissen II ugetrueden. Den méi staark klasséierten Géigner hat eiser Equipe keng Chance gelooss an soumat verléieren si kloer mat 2-8.

Den wichtegsten Match hat eis zweet Equipe géint Ëlwen III gespillt. Fir net ofzesteigen, misst onbedéngt gewonne ginn. Mee leider konnt den Ofstig net verhënnert ginn. Den Match war mat engem 5-5 Gläichspill op een Enn gaangen.

Fir eis drëtt Equipe stoung den Ofstig schonn den leschten Weekend fest. Den Match géint Gilsdref/Veianen III war nëmmen nach vun gerénger Bedeitung. Si haten awer näischt ze gutt an si verléieren kloer mat 1-9.

Eis véiert Equipe hat op der selwechter Plaz gespillt wei eis drëtt Equipe. Géint Gilsdref/Veianen IV konnt eis Jugend nees iwwerzeegen an si spillen um Enn 5-5 gläich.

Sou, den nächsten Samschdeg, den 30. Mäerz, steet schonn den 18ten an leschten Spilldag vun den Seniors virun der Dir. Dann geet et mat Heemmatcher weider.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.